Close

ÄDDI STËMM ZU BOUNEWEG!

ÄDDI STËMM ZU BOUNEWEG!
D’Equipe vum Léo a vum Philippe vu Schëndels war dës Woch déi lescht Aarbechten op Bouneweg machen, a si hunn de Stemm-Männchen vun Bouneweg mat heem bruecht.  (Foto: No Man left behind).
Laang Joren war Bouneweg d’ Platz fir  en  Iessen ze kréien, a vill Leit kruten do iwwert  d’ Joren do gehollef. Eng Ära ass  eriwwer, den alen Site vun der Stemm zu Bouneweg gëtt enger neier Bestëmmung zougefouert, d’ Stemm an Rue du Cimetière as Geschicht
Säit der Rentrée 2022 ass de Service Caddy zu Suessem aktiv, an der Zone um Woeller wou weider geschafft gëtt wéi zu Bouneweg ma ënner méi modernen a professionelle Konditioune fir esou nach méi Leit kënnen ze hëllefen.
Nach e flotten Temoignage vum Léo :
« Et schéngt mir, ewéi wann et erreicht  gewiescht wier ,  mäi Virstellungsgespréich zu Bouneweg,  uewenop  am Büro ënnert dem Daach , fir op Schëndels de Gaart machen ze kommen, mais dat ginn och elo 10 Joer.
De Stemm-Männchen gëtt elo  hei zu Schëndels an d’ Rei gemaat , mir wäerten eng  schéin nei Platz fannen,  fir hien nees opzestellen. »

S’abonner au bimestriel!

Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.

Abonnez-vous