Close

Close(d) Views

Close(d) Views

Well d’Fondation Thierry Van Werveke Joeren laang schon d’Stëmm vun der Strooss ennerstetzt wënscht sech d’Stëmm datt e maximum vun Leit um Vernissage Close(d) Views deel huelen:

Konscht am Prisong. An duerch Konscht sech ausdrécke kënnen. Seng Gedanken, seng Dreem, seng Ängschten. Duerch Konscht dee monotonen Alldag duerchbriechen a Faarf era bréngen. Dat war d’Zil vun dësem Projet, den 2015 am Prisong zu Schraasseg mat der Fondatioun Thierry van Werveke finanzéiert gouf.

D’Initiativ vum Projet war vum Direkter selwer, dem Vincent Theis, ausgaangen. Déi kënschtleresch Leedung hat d’Patricia Lippert iwwerholl. D’Martine Kohn huet 6 Woche laang de Projet mat der Kamera begleet an den Documentaire ‘Congé pénal’ realiséiert.

D’original Biller sinn elo ze verkafen a ginn den Ament am Lycée Nic Biever ausgestallt. Den Erléis soll der Fondatioun Thierry van Werveke erméigleche weider esou ambitiéis Projeten mat an an de Prisongen hei am Land ze realiséieren. Eng Präislëscht läit am Sekretariat vum Lycée Nic Biever.

Mir soen Iech elo scho Merci fir ären Interessi an hoffen Iech um Vernissage ze begéinen. Schéckt dësen Message roueg un interesséiert Leit weider.

Den Catering gëtt assuréiert vun der Stëmm vun der Strooss.

S’abonner au bimestriel!

Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.

Abonnez-vous