Close

Di Bäerdrefer Kanner weisen e grousst Häerz.

Di Bäerdrefer Kanner weisen e grousst Häerz.

Op Liichtmëssdag sinn d’Kanner aus der Bäertreffer Gemeng nees duerch d’Dierfer liichte gaangen an hunn dobäi vill gutt Séissegkeeten an och vill Suen vun den Awunner kritt. Op Initiativ vun den Elterevertrieder vun der Bäertrёffer Grondschoul sinn 50% vun de gesammelte Suёn un de „Plooschterprojet“ gespent ginn, fir domat d’Sensibiliséierung an di aktiv Hëllef fir Leit mat enger Leukämie ze ënnerstëtzen. Am Ganzen sinn 900€ zesummekomm an d’Kanner konnten di stolz Zomm a Form vun engem Scheck Freides, den 2. Mäerz 2018 un d’Mme Lieners vum Plooschterprojet iwwerreechen. Si kruten bei där Geleeënheet och kuerz erklärt, woufir de Plooschterprojet déi Suen brauch an datt d’Kanner mat hirem Geste dozou bäidroen Mënscheliewen ze retten.
Well sech bei ville Famillen tëscht Niklosdag an Ouschteren ganz vill Schockela an aner Séissegkeeten ugesammelt hunn, haten d’Elterevertrieder d’Idee, de 7. an 8. Februar an all Schoulgebai zu Bäertrёff eng Këscht opzestellen, wou d’Kanner op fräiwëlleger Basis konnten Séissegkeeten zugonschten vun der „Stёmm vun der Strooss“ spenden. An deenen 2 Deeg hunn d’Kanner immens vill Schneekereien ofginn an konnten der Mme Alexandra Oxacelay, Directrice vun der „Stëmm vun der Strooss“ voller Stolz 5 gutt gefëllte Këschten iwwerreechen. D’Mme Oxacelay huet de Kanner erklärt, datt all Dag iwwer 250 Leit d’Servicer vun hirer Organisatioun an Usproch huelen, well si keen Daach iwwert dem Kapp hunn an datt déi Leit sech bestëmmt immens iwwert d’Solidaritéit vun de Kanner aus der Bäertrёffer Gemeng wäerte freeën.
Vläicht ass et just eng Drëps op de waarme Steen, mee vill Drëpse maachen de Reen.

S’abonner au bimestriel!

Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.

Abonnez-vous