D’Fondation Wonschstär ennerstetzt d’Stëmm vun der Strooss.

Em d’Chrëschtdagszäit lescht Joer si mir op d’Iddie komm un déi Läit ze denken déi leider oft vergiess ginn. Déi Persounen déi duerch oft schwéier Schicksalsschléi op der Strooss landen, sollen och emol spieren, dass si geschätzt ginn an hinnen och eppes Guddes geschitt. Sou hu mir den Läit déi vun der Stëmm vun der Strooss Esch-Alzette betreit ginn, gesot si sollen eis hiren Wonsch fir dat neit Joer erzielen. Am ganze si bei eis iwwer 100 kleng a méi grouss Wënsch era gaangen, sou dass mir e gutt Stéck Aarbecht haten all d’Läit glécklech ze maachen!
Bei deenen 100+ Wënsch si vill ganz bescheide Saachen dobäi wéi z.B. eng Zännbiischt, e Pullover, puer Strëmp, e Schlofsak fir de Wanter, sou musse si eben net ze vill fréiere, wann se alt mol mussen op der Strooss iwwernuechten. Oft goufen awer och Wënsch geäussert wou d’Läit éischter un hier Kanner geduecht hunn, sou hu mir z.B. 2 Vëloen fir engem Här seng Kanner bereet gestallt, oder en Kommiounsiessen fir eng betraffe Famill geschenkt sou dass wéinstens e schéin gemeinsam Fest konnt gefeiert ginn an flott Erënnerungen entstane sinn…
Puer hu sech dann och mol en klengen Ausfluch gewënscht a sou hu mir se op d’Rees geschéckt a se konnte sech emol fir puer Deeg vun hirer schlëmmer Situatioun trennen. Aner Wënsch waren z.B. nei Zänn, e Brëll, eng Playstation, en Handy, en Event kucke goen, eng Popp, etc… Mir sinn immens frou dëse Projet lancéiert ze hunn an jidderengem e Laachen an d’Gesiicht gezaubert ze hunn, och wann et nëmme fir puer flott Momenter ass. Mir soen jidderengem Villmools dee mat eis dës Aktioun ënnerstëtzt huet.
S’abonner au bimestriel!
Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.
Abonnez-vous