Et ass net fir déi éischt Kéier datt d'Stëmm op d'Hëllef vun der Fondation Wonschstär ziele konnt! Wéi mir en Opruff fir Wanterschung fir eise Site zu Esch lancéiert hunn, huet d'Equipe vum Wonschstär sech direkt bei eis gemellt an eis sou eise klenge Wonsch erfëllt! Hinnen e grousse merci an all Respekt fir déi wonnerbar Aarbecht déi si säit langer Zäit leeschten!
Méi Informatiounen iwwer d'Fondation Wonschstär : https://wonschstaer.lu/
Date: 11.12.2024