Lions Club Roude Léiw an Commission d’intégration vun der Mierscher Gemeng ënnerstëtzen Stëmm vun der Strooss

Nodeems Vertrieder vun der Commission d’intégration vun der Gemeng Miersch am Laf vum leschten Joer fir eng Visite am Centre de Post-Thérapie zu Schëndels waren, hunn si sech zesummen mam Lions Club Roude Léiw entscheed, de Benefice vun hirem Stand um Mierscher Chrëschtmaart 2015 un d’Stëmm vun der Strooss ze ginn.
Ouschtersamschdeg konnten dunn 1 000 € vum Lions Club Roude Léiw an 444,71€ vun der Commission d’intégration vun der Mierscher Gemeng un d’Stëmm vun der Strooss zu Schëndels iwwerreecht ginn.
S’abonner au bimestriel!
Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.
Abonnez-vous