Close

Vote fir dem Christiane Grün säin Buch Clodo : op der Shortlist vum lëtzebuerger Buchpräis

Vote fir dem Christiane Grün säin Buch Clodo : op der Shortlist vum lëtzebuerger Buchpräis

Den 15. November kréien dräi Bicher déi kierzlech zu Lëtzebuerg publizéiert goufen an dräi
verschiddenen Kategorien e Buchpräis. Op der Shortlist vun de Kannerbicher stinn 5 Bicher, eent
dovunner ass “Clodo”. Nieft dem Präis vun enger Jury gëtt et och nach e Publikumspräis. Fir deen
kënnt Dir vum 18. Oktober bis den 4. November ofstëmmen, an zwar um Site www.buchprais.lu
„Clodo“ ass d’Geschicht vun der Frëndschaft tëscht dem Claude an dem Daniel. D’Claude ass 10
Joer al a gëtt vu jidderengem „Clodo“ genannt. Dat gëtt him d’Gefill, hatt wier net gutt genuch fir dës
Welt. Enges Daags léiert hatt den Daniel kennen, e richtegen „Clodo“, also e Strummert. Eigentlech
huet virun allem säi Mupp, den Tim, him et ugedoen. Mee lues a lues gëtt och den Daniel him ganz
sympathesch. D’Claude geet ganz ongezwongen mat der Situatioun ëm, an der säin neien Frënd
ass. Hatt gëtt gewuer, datt den Daniel net ëmmer op der Strooss gelieft huet an datt hien elo fir
d’Zeitung „Stëmm vun der Strooss“ schafft. Hatt léist sech och vun him fir e Mëttegiessen
invitéieren, an de Restaurant „Treffpunkt“. Am Daniel sengen Aën ass d’Claude e léift a couragéiert
Meedchen an dat gëtt dem Kand dat Gefill, wäertvoll ze sinn.
Ma op eemol verschwënnt den Daniel a fir d’Claude schéngt eng Welt zesummen ze briechen.
Zesumme mam Tim mécht hatt sech op d’Sich no sengem Frënd. Am Treffpunkt ass hien net ze
fannen, säi Stull an der Redaktioun vun der Stëmm vun der Strooss ass och eidel.
„Bass Du net dat léift a couragéiert Meedchen, vun dem den Daniel ëmmer erzielt?“ Dee
Strummert, deen dem Claude déi Fro stellt, gesäit esou grujelech aus, datt hatt zolidd erféiert. Wéi e
gudde Kärel sech hannert him verstoppt, gëtt hatt méi spéit gewuer.
Dem Claude seng Elteren sinn allerdéngs guer net frou iwwert den Ëmgank, deen hiert Meedchen
mat dem „versoffene Pak“ op der Strooss huet. Wat si iwwert den Daniel a sengesgläichen soen
ass esou schlëmm, datt d’Claude spéit owes e puer Saachen apeekt a fortleeft.
E klengt Meedchen, dat nuets an en däischteren Bësch leeft… Soll dat alt gutt ausgoen? Jo
natierlech wäert et gutt ausgoen, well all Mäerchen huet en Happy End. Wéi awer déi heite
Geschicht ausgeet… dat verroden mer hei net.
„Clodo“ ass eng Geschicht fir Kanner vun 10 Joer un. D’Christiane Grün huet si an einfachem
Franséisch geschriwwen an de Gérard Claude huet Illustratiounen gemaach, déi u Linol Schnëtt
erënneren. D’Alexandra Oxacelay huet e Virwuert fir d’Buch geschriwwen, datt Enn Februar 2018
bei den Editions Saint-Paul erauskoum.

S’abonner au bimestriel!

Aidez-nous en abonnant à notre journal bimestriel. Le bimestriel Stëmm vun der Strooss paraît cinq fois par an.

Abonnez-vous